© Blocknote Media
en lu

Servicer


GRAFIK, DIGITAL, PRINT & MORE

GRAFIK

Di perfekt Solutioun fir äre Besoin.

GRAFIK

Aus Ärer Iddi gouf ee Projet! Felicitatioun!

Lo ass et wichteg deem Ganzen ee perséinlecht Gesiicht ze ginn. Een Image deen aus der Mass erausstécht an ëmmer nees erkannt wäert ginn.

Am Web, Print a bei Ären Eventer, konzentréiert Dir Iech ob Äert Ziel, Äre Public a mir suergen am Hannergrond derfir, dat Dir bei Ärer Clientèle a wonnerbarer Erënnerung bleift.

Komplett Léisungen oder just op een definéierte Beräich fokusséiert, eis Flexibilitéit ass keen eidelt Verspriechen. Mir passen eis Iech un. Versprach!

DIGITAL

Déi aflossräichst Plattform mëttlerweil ass den Internet, keng Fro!

DIGITAL

Benotzerfrëndlechkeet, modernen Design, Contenu a Sichmaschinn-Optimiséierung loossen Är Internetsäit aus der Mass erausstiechen. Dee wichtegste Schlëssel zum Erfolleg! Bei Blocknote Media sidd Dir am World Wide Web a gudden Hänn. Garantéiert!

Individuell Web Projeten

Mat engem individuelle Web Projet, hutt Dir eng perséinlech Léisung, déi zu 100% op Är Bedürfnisser passt.

Web Design

Modernen a benotzerfrëndlechen Design, um Smartphone, Tablett oder PC. Dat muss alles stëmmeg sinn! Iwwerzeegen ouni Stress! De Client wäert Iech dankbar sinn.

Webhosting, Domain & Maintenance

Als Komplett-Service Agence hu mir och d‘Léisung fir den Hosting, Domain a Maintenance, mat héichwäertegen an effiziente Serveren a ganz Europa.

E-Commerce

Online Shopping boomt. Do ziele mir Iech näischt Neies. Wann Dir eis Ënnerstëtzung braucht, fir Äre Produit op eng flott Aart a Weis un de Keefer ze bréngen; mir si gär fir Iech do. Online Shopping mat Freed fir de Client, dat ass hei d’Ziel.

PRINT

This is now where printing comes in

PRINT

Heiansdo léisst een de Computer och bewosst mol op der Säit. Do kënnt de Print-Beräich an d’Spill. Eng schéi Broschür oder eng uspriechend Affiche sinn nach ëmmer bedeitend fir dem Client an d’A ze stiechen an am Verhalt ze bleiwen. Loosst Iech vun eis beandrocken, well näischt inspiréiert eis méi wéi ee wäisst Blat.

All verschidden

Mir sinn oppe fir verschidden Alternativen. Vum einfachen Depliant iwwer informativ Broschüren oder verspillte Pechbiller fanne mir d‘Léisung fir Ärem Client déi richteg Messagen ze vermëttelen.

Alles aus enger Hand

Bléift ëmmer am Bléck! Perséinlech Enveloppen, Visittekaarten, Stempelen a méi, mir stellen alles fir Ären Alldag bereet. Natierlech alles mat Ärer ganz eegener Signatur.

Ee Projet mat Häerz

Dir hutt scho länger eng ganz besonnesch Iddi a wësst net sou richteg wéi Dir se kreativ ëmsetze kéint? Vläicht wëllt Dir Är aussergewéinlech Geschicht an engem flotte Buch gesinn? Mir stinn Iech gär zur Säit.

Do you want to inspire a wide audience?

& MORE

Ee breede Public begeeschteren? Näischt passt dofir besser wéi eis weider Solutiounen. Ob am Grouss-Format wéi Banner, Fändelen, beschrëften Autoen oder méi diskret fir mat personaliséierten Textilien a Publicitéits-Cadeauen, mir kréien dat alles hin.

& MORE
01.

Grouss Format

Fändelen, Banner, Panneauen, Roll-ups … mir bidden Iech alles un. Dir entscheet wat bei Iech passt. Opfalen an der Ëffentlechkeet ass Iech versprach!

02.

Personaliséiert Kleeder

Dir sidd ee super Team a wëllt Gezei wat Iech verbënnt? Mat personaliséierte Kleeder hannerloosst dir ee bleiwenden Androck.

03.

Werbe-Geschenk

Mir bidden eng Panoplie vu witzege bis praktesche Gadgeten an alle Präiskategorien. Dat Richtegt ass fir Iech bestëmmt derbäi!

04.

Äre Lettrage

Ob Autoen, Vitrinen oder punktuell Evenementer. Mir riichten de Bléck direkt ob déi wichteg Plaz.

Iwwert eis

Aus Léift zum Design

Aus Léift zum Design awer virun allem zum Mënsch, deen eng empathesch Berodung fir säi Projet brauch, ass Blocknote Media enstaan.

Quasi onendlech Méiglechkeeten: Mir wëllen Iech ënnerstëtzen déi perfekt Léisung fir Äre Besoin awer och fir Äre Budget ze fannen. Mir sinn do fir Är Wënsch an d’Realitéit ëmzesetzen.

Villmools Merci fir Ärt Vertrauen.

Dir hutt e Projet? Loosst eis zesummen dru schaffen.

Zéckt net eis ze kontakteieren